Parquet: Schumacher war net ze séier ënnerwee

De Michael Schumacher war zum Zäitpunkt vum Accident net ze séier ënnerwee.

Leschten Update: 08.01.2014, 12:01:06

© AFP

Op enger Pressekonferenz vum Parquet a vun der Police gouf ënnerstrach dass d’Vitesse fir ee gudde Skifuerer op deem Terrain absolut normal gewiescht wier.

Den Zoustand vun der Pist wier och an den Norme gewiescht, huet et vum Parquet geheescht. D’Equipement vum Schumacher wier och net d’Ursaach vum Accident.

Wat d'Pist ugeet, sou wier dës korrekt markéiert gewiescht an et wier de Bedreiwer absolut kee Virworf ze maachen, sou de Parquet.

Iwwer de Gesondheetszoustand war iwwerdeems de Mueren näischt gewuer ze ginn.