FIFA: Football-WM 2022 definitiv am Wanter

D’Football-Weltmeeschterschaft 2022 am Katar gëtt definitiv net am Summer mä am Wanter gespillt. Dat huet de FIFA-Generalsekretär matgedeelt.

Leschten Update: 08.01.2014, 12:45:48

© AFP

Géintiwwer Inter Radio sot de Valcke dass den Tournoi tëschen dem 15. November an dem 15. Januar gespillt soll ginn.

Wéinst dem extreme Klima gëtt et zanter Wochen Iwwerleeëungen fir den Tournoi net wéi soss och am Summer ze organiséieren.