Déifferdeng: Kee Buergermeeschter méi no politeschem Eklat

Zu Déifferdéng koum et de Mëtteg zu engem politeschen Eklat.

Leschten Update: 08.01.2014, 16:58:02

De Mëtteg huet de Gemengerot bei der Wiel fir den neie Buergermeeschter géint den DP-Kandidat John Hoffman gestëmmt. Dee sollt u sech jo de Claude Meisch ersetzen, nodeems deen an d’Regierung gaang ass. Och dass dem Claude Meisch säi Papp Marcel soll an de Schäfferot komme, gouf ofgeleent, grad esou wéi d’Kandidatur vum Pascal Bürger. Déifferdeng huet fir den Ament also kee Buergermeeschter an am Schäfferot feelen zwou Persounen. Wéi et elo weider geet, bleift ofzewaarden. Neiwahle sinn net auszeschléissen..

D’Piratepartei fuerdert carrément Neiwahlen. Op Facebook huet déi jonk Partei esouguer eng eege Säit gegrënnt, sou sech jiddereen un där Fuerderung ka bedeelegen:

https://www.facebook.com/neiwahlen.deifferdeng

Déi Gréng kommen den Owend well zesumme fir ze kucke, wéi et soll weider goen.