Google Maps: Plaz an "Adolf Hitler-Platz" ëmbenannt ginn

Ee User bei Google Maps huet sech ee ganz schlechte Witz erlaabt an d'Theodor Heuss-Plaz zu Berlin an "Adolf Hitler-Platz" ëmbenannt.

Leschten Update: 11.01.2014, 08:30:09

© Screenshot Google Maps

D'Ännerung gouf vun engem Google Maps-Administrateur irrtëmlecherweis acceptéiert.

Google huet de Virfall bedauert. Et hätt een de Post geläscht soubal een drop higewise gi wier, sou eng Spriecherin.