USA: Passagéierfliger lant um falsche Fluchhafen

Eng Boeing 737-700 vun der Gesellschaft Southwest Airlines ass um Wee vun Chicago op Branson am Bundesstaat Missouri um falsche Fluchhafe gelant.

Leschten Update: 14.01.2014, 05:27:01

© AFP

Eréischt no der Landung huet de Pilot festgestallt dass e sech geiert hat an dass een net zu Branson mä zu Taney County ukomm war.

De Fluchhafe vun Taney County huet keen Tower an och d’Pist ass fir grouss Passagéierfligeren ze kuerz. Et gouf mol keng Trap fir dass d'Leit konnten aus dem Fliger klammen.

De Pilot a säi Co-Pilot goufe mëttlerweil suspendéiert.