Dschungelcamp 2014: D'Melanie hëlt d'Kroun mat heem

D'Favoritin Larissa Marolt gouf dat Zweet, de Jochen Bendel kënnt op di drëtt Plaz.

Leschten Update: 02.02.2014, 09:22:10

© rtl

D'Fraen hunn d'RTL-Sendung "Ich bin ein Star – Holt mich hier raus!" dominéiert. D'Favoritin Larissa Marolt gouf dat Zweet, d'Melanie Müller huet di erfollegräichst Staffel vun allen Zäiten gewonnen

 Um 0h02 dëse Sonndegmueren hunn d'Moderatoren Sonja Zietlow an Daniel Hartwich ugekënnegt, dass Iwwerraschung perfekt ass: Net d'Larissa Marolt, mä d'Melanie Müller ass d'Dschungelkinnegin 2014.

D'Melanie Müller wosst net richteg, wat et soen sollt, wéi d'Moderatoren Sonja Zietlow an Daniel Hartwich him d'Dschungelkroun op de Kapp setzen: "Damit habe ich nie gerechnet".

D'Larissa bleift relax: "Ich bin normal echt nicht so", seet hatt. "Bei seriösen Projekten könnt ihr mich echt noch buchen."