Amnesty International: Bis ewell 116 Doudeger an der Ukrain

Amnesty International huet e Bilan iwwert déi aktuell Situatioun an der Ukrain presentéiert. 116 Mënschen koume bei Protester bis ewell ëm d'Liewen...

Leschten Update: 19.03.2014, 16:25:29

© Eldoradio

D’Situatioun an der Ukraine schéngt net besser ze ginn. Den 21. November 2013 hunn d’Protester op der Onofhängegkeetsplaz zu Kiew ugefangen. Bis e well sinn 116 Leit bei brutalen Ausernanersetzunge tëscht Demonstranten a Sécherheetstruppen ëm d’Liewe komm. Dausende vu Leit si schwéier blesséiert ginn. Der Amnesty International no, géif d'Zuel vun den Doudesaffer nach weider klammen.

Tetyana Mazur, Directrice vun der Amnesty International Ukraine



D’Leit wëlle Gerechtegkeet a ginn dowéinst bestrooft. Dofir rifft Amnesty International  jiddereen op ze hëllefen.



D'Fro déi sech stellt, ass wéi eng
Mesuren geholl misste ginn, fir dëst an Zukunft ze verhënneren.


Amnesty International hält d’Situatioun genee am Aen a wëll elo Gerechtegkeet an Transparenz schafen. Si hu weiderhin Hoffnung an gi net op bis alles gekläert ass.

Um EU-Sommet en Donneschdeg an e Freideg bereit iwwregens och d' EU driwwer, fir eventuell onoofhängeg Observateuren an d'Ukrain ze schécken. Dës sollen dann d'Situatioun analyséieren.