Regierung: De Marc Hansen ersetzt den André Bauler

Den André Bauler hält no eppes méi wéi 100 Deeg als Staatssekretär am Educatiounsministère op. Hien gëtt vum Marc Hansen ersat.

Leschten Update: 19.03.2014, 19:23:21

Bettel, Bauler, Meisch© Eldoradio

Den DP Deputéierte Marc Hansen iwwerhëlt vum nächste Mount un dem André Bauler säin Amt als Staatssekretär am Educatiounsministère. Am Comité Directeur vun der DP gouf de fréiere Journalist den Owend eestëmmeg fir dee Posten ernannt. D’Regierung hat de Mëtteg jo ugekënnegt, dass den André Bauler säin Amt aus gesondheetleche Grënn néierleet. Hien hält awer net mat der Politik op. Hien iwwerhëlt elo dem Marc Hansen säi Mandat als Deputéierten.

Marc Hansen© dp.lu

Lauschtert hei d'Reportage um Radio: