Shazam: Daten ginn illegal weidergeleet

Déi beléiften Musek-Erkennungs-App 'Shazam' leet wéi et schéngt perséinlech Daten illegal u Partner weider...

Leschten Update: 19.03.2014, 16:42:01

© Wikimedia

D'Musek-Erkennungs-App Shazam leet heemlech de Standuert vun enger Persoun u Reklamm-Partner weider, dat behaapt op mannst eng Fachzäitschrëft an hirer neister Editioun.

User déi en Smartphone mat Android-Betriebs-System, wou d'GPS-Funktioun unn ass, an och Shazam installéiert hunn, géifen iwwert dee Wee ausspionéiert ginn.

Fir sëng eigentlech Funktioun bréicht Shazam d‘GPS-Daten nämlech net, ma gräift eben trotzdem dorobber zeréck a schéckt dës dann u Partner. Op deenen hire Sitten goufen och ganz Android-ID’en vu User fonnt.

Links