Düsseldorf: A. Schavan kritt hiren Doktertitel net erëm

Déi fréier däitsch Educatiounsministesch Annette Schavan ass net mat hirer Klo géint d’Oferkennung vun hirem Doktertitel ukomm.

Leschten Update: 20.03.2014, 19:52:02

© afp

D’Verwaltungsgeriicht zu Düsseldorf huet d’Klo zeréckgewisen. Déi fréier Ministesch hat virum Verwaltungsgeriicht geklot, nodeems d’Uni hir den Doktertitel am Fréijoer 2013 wéinst Plagiat ewechgeholl hat.