Chamber: Et kann ee lo online Petitiounen deposéieren

D'Chamber huet eng nei Form vu Petitioun virgestallt: d'petitioun publique. Hei kann ee lo online eng Petitioun deposéieren.

Leschten Update: 22.03.2014, 11:56:47

© Eldoradio

Mat dësem Projet wëll d'Chamber déi demokratesch Participatioun vun de Bierger verbesseren a stäerken, sou de Chamberspresident Mars di Bartolomeo. Sou kennen d'Bierger de Politiker iwwert d'Schëller kucken an am Fall wou, op d'Fangeren tippen.

Op www.chd.lu kann een eng Petitioun online deposéieren. D'Chamber kontrolléiert d'Ufro an entscheed op se un déi concernéiert Ministèren weider geleet gëtt, oder eben net. Wa se akzeptéiert gouf, da gëtt d'Petitioun 6 Wochen online publizéiert. Donieft gëtt et dann ee Forum wou iwwert dat bestëmmtent Thema kann diskutéiert ginn. D'Chamber moderéiert de Forum. Rassistesch oder domm Bemierkungen ginn natierlech geläscht.

Bannent 6 Wochen muss een dann 45.000 Signaturen sammelen. Fir duebel, an domat ongülteg Signaturen ze verhënneren, gëtt jiddereen deen digital ënnerschreift, kontrolléiert.

Duerno gëtt ëffentlech mat de concernéierten Ministeren a Petitionnairen debattéiert. Dat Ganzt gëtt iwwert ChamberTv gesent. Nom Debat setzen sech d'Kommissioun an déi concernéiert Ministèren zesummen an entscheeden, wéi mat der Petitioun weidergefuer gëtt.


Lauschtert hei den Audio Reportage: