Wëntger: Jugendlechen vun Auto ugestouss, Chauffeur geflücht

Um Wee bei de Busarrêt gouf ee Jugendlechen dëse Freidegmoien vun engem Auto ugestouss. De Chauffeur ass geflücht.

Leschten Update: 21.03.2014, 18:12:12

Zu Wëntger huet een Automobilist um 7h20 dëse Freideg ee Jugendlechen ugestouss.

De Jong war um Wee bei de Busarrêt wéi de BMW hien ze paken krut.

Wéi d’Police mellt, huet de Chauffeur kuerz ofgebremst an ass dunn awer geflücht.