Police: Warnung virun Internetbedruch

An de leschte Stonne sinn erëm Leit hei am Land d’Affer vun Internetbedruch ginn.

Leschten Update: 22.03.2014, 18:31:06

Wéi d’Leit mellen, wieren op hirem Computer Popups vun der Police ze gesi gewiecht, déi de User opfuerederen, eng bestëmmte Somme Suen ze bezuelen, fir de Computer erëm ze entspären.

D’Police warnt op en Neits virun dëser Masch, déi Lëtzebuerger Police wier net verantwortlech fir dës Popups, et soll een op guer kee Fall Suë wéinst esou engem Message op e Kont iwwerweisen.

Déi betraffe Computere hätte wuel e Virus a missten doropshin ënnersicht ginn.