Madrid: Dausende Leit protestéiere géint d'Spuerpolitik

Zu Madrid sinn um Samschdeg dausende Mënschen op d’Strooss gaangen, fir géint déi spuenesch Spuerpolitik an den héige Chômage-Taux ze protestéieren.

Leschten Update: 22.03.2014, 18:31:59

© afp

Am Ganzen hu ronn 300 Organisatiounen zu dëser Demonstratioun opgeruff. 8 Protestzich waren ënnerwee, fir sech am spéiden Nomëtteg zu Madrid zesummenzeschléissen. Verschidden Demonstrante waren zanter enger Woch zu Fouss op Madrid ënnerwee.

Ronn 26 Prozent vun de Spuenier hunn den Ament keng Aarbecht, dorënner virun allem Jugendlecher a jonk Erwuessener.