Paräis: Buttek iwwerfall, Wuere fir 600000 Euro geklaut

Um Samschdegmoien hunn zwee Täter e Concept-Store an der Rue Saint-Honoré zu Paräis iwwerfall a Wueren am Wäert vu 600000 Euro matgoe gelooss.

Leschten Update: 22.03.2014, 18:35:44

© afp

Kuerz iert de Buttek seng Diere wollt opmaachen, sinn zwee Männer mat Motorradshelmer eragestiermt, ee mat enger Pump Gun, deen anere mat enger Aaxt arméiert.

D’Verkeefer, déi schonn am Geschäft waren, hu sech missten op de Buedem leeën, während de Mann mat der Aaxt d’Vitrinne futtigeschloen huet.