Drogen: Kokain-Kondomer fir de Vatikan

Déi däitsch Douane huet eng Drogeliwwerung fir de Vatikan ofgefaangen. Et handelt sech ëm 14 Kondomer déi mat Kokain gefëllt sinn.

Leschten Update: 23.03.2014, 09:36:37

© afp

Däitsch Douanieren sollen den 19. Januar um Fluchhafen zu Leipzig 340 Gramm Kokain mat engem Schwaarzmaarktwäert vun 40.000 Euro aus Südamerika sécher gestallt hunn. Dat mellt d "Bild am Sonntag". D'Drogen wieren a flësseger Form a 14 Kondomer verpaakt gewiescht, heescht et.

Ee konkreten Destinataire war op der Packung net uginn, mee d'Posstell vum Vatikan. D'Douanieren hunn d'Drogen un ee Polizist vum Vatikanstat zu Roum iwwerginn. Bis elo huet awer kee probéiert, de Pak ofzehuelen.

Di däitsch Enqueteuren ginn der  "BamS" no dovun aus, dass den onbekannte Empfänger een Tipp kritt huet an d'Aktioun verroden gouf.

D'Enquete soll lo zesumme mam Interpol-Büro vum Vatikan wieder geféiert ginn.