Washington: Fatalen Äerdrutsch mat villen Doudegen

Am US-Bundesstaat Washington ginn iwwer 100 Leit vermësst no engem groussen Äerdrutsch. 14 Doudeger si schonn confirméiert...

Leschten Update: 25.03.2014, 06:05:09

© afp

E besonnesch trageschen Fall vun engem Äerdrutsch gouf et an der Nuecht op en Denschdeg am US-Bundesstaat Washington.

No zolittem Reen ass de Buedem an enger klenger Gemeng nord-östlech vu Seattle gerëtscht an huet eng 35 Haiser ënnert sech begruewen. D'Autoritéiten schwätzen den Ament vun 14 Doudegen an iwwer 100 vermëssten Persounen.