Malaysia Airlines: Drock op Regierung ëmmer méi grouss

Den Drock op déi malaysesch Regierung gëtt ëmmer méi grouss. Dosende vu Familljemembere vu Passagéier hu virun der Ambassade zu Peking demonstréiert.

Leschten Update: 25.03.2014, 12:35:44

© AFP

Si fuerderen dat si d’Wouerecht gesot kréie wat wierklech mam Fliger geschitt ass.

E Méindeg hat jo de malaysesche Premier offiziell bekannt ginn, dat déi vermesste Malaysia Airline an den indeschen Ozean erofgefall ass. Wéi et dozouer konnt kommen ass awer nach emmer onkloer.

D’Sich no der Maschinn huet en Dënschdeg de Moien wéinst dem schlechte Wieder missen annuléiert ginn.