Kanner Jugend Telefon: Bei Problemer den 116 111 uruffen

Kanner a Jugendlecher déi Problemer a Suergen hunn, a net wëssen wéi se domadder ëmgoe sollen, kennen um 116 111 uruffe a sech berode loossen.

Leschten Update: 26.03.2014, 13:59:06

© www.kjt.lu

De Kanner Jugend Telefon gëtt et zanter 1992. Kanner a Jugendlecher vun all Alter kennen hei uruffen a mat engem iwwert hir Suergen a Problemer schwätzen. Dat kenne Problemer si wéi zum Beispill Sträit mat den Elteren oder eben och Liebeskummer. Dat Ganzt ass natierlech vertraulech an anonym.

Hëllef kritt een hei all Dag vu speziell forméierte Beroder déi en oppent Ouer fir all Zort vu Problem hunn.

Lauschtert hei den Audio-Reportage:


D’Nummer vum Kanner Jugend Telefon ass den 116 111. 

LINK: Homepage Kanner Jugend Telefon