Plooschter Projet: Spenden fir Liewen ze retten

Beim Yannick Lieners ass am Alter vu 25 Joer eng chronesch myeloesch Leukämie diagnostizéiert ginn.

Leschten Update: 26.03.2014, 22:39:31

© Yannick Lieners

Am Laf vu senger Therapie kéint et sinn, dass hien op eng Stammzellen- oder Bluttspende ugewisen ass. Och wa bei him d'Wahrscheinlechkeet éischter geréng ass, ginn et vill Patienten déi op sou eng Spende ugewise sinn. Dofir huet hien de Plooschter Projet op Facebook an d’Liewe geruff. D'Zil ass et d'Leit zum Thema Kriibs ze sensibiliséieren an eng aktiv Hëllef fir kriibskrank Leit ze erreechen.
 

Et gi 4 Méiglechkeeten fir sech um Plooschter Projet ze bedeelegen:

Et leisst ee sech als Stammzellespender registréieren. Dat geschitt an deems een eng einfach Blutanalyse mecht fir sou de Bluttyp erauszefannen. Et kann allerdéngs net jiddereen esou eng Stammzellespende maachen. Et muss een ënnert anerem tëscht 18 a 40 Joer al sinn, méi wéi 50 Kilo weien an natierlech gesond sinn.
Den zweete Schrëtt ass Stammzellespende selwer. Wann een a Fro kennt, muss een e medizineschen Check maachen. Da suivéiert een en Traitement mat Sprëtzen. Während 5 Deeg sprëtzt een sech dann eng bestëmmten Substanz an de Speck fir sou de Knochenmark unzereegen. Duerno kann een dann déi tatsächlech Stammzellespende maachen. Dat dauert an der Regel 3 bis 4 Stonnen.

Déi Leit déi spende wëllen, awer net fir d’Stammzellentherapie a Fro kommen, kennen och eng normal Bluttspend bei der Croix Rouge machen.   

Déi drëtt Méiglechkeet ass een Organspenderausweis unzefroen, dat kann jidderee maachen. Hei fannt dir all neideg Informatiounen: www.protransplant.lu. 

An natierlech kann een och een Don un déi verschidden Organisatioune maachen. Wann dir en Don maacht, dann kennt dir als Mentioun folgendes uginn: “Plooschter Projet Lieners Yannick”.

All Mensch deen dëse Projet ënnerstëtzt a spende geet, soll eng Foto vu sech mat der Plooschter maachen a se als Profilfoto op Facebook setzen. Och soll een d'Foto op d'Facebook Säit vum Plooschter Projet setzen. Sou kann een d'Fotoen mat de Kollegen sharen a nei Leit dozou kréien un dëser Aktioun deel ze huelen.

Lauschtert hei den Audio-Reportage:


Informatioune fir ze spenden fannt dir hei: 

http://www.dondemoelle.eu
http://www.croix-rouge.lu/de/don-du-sang/
http://www.cancer.lu
http://www.fondatioun.lu
http://www.protransplant.lu/


Links