Paul Walker: Ze héich Vitesse ass schold um Accident

De Rapport vun den Enquêteuren ass kloer. De Paul Walker ass duerch ze héich Vitesse gestuerwen

Leschten Update: 26.03.2014, 21:04:47

© afp

Knapp 4 Méint nom Doud vum Paul Walker huet d’Police hiren Ofschlossrapport public gemaach.

Deemno gouf et keen techneschen Defekt  um Auto, kee Schuet un de Bremsen.  Dem Paul Walker säin Accident gouf duerch ze héich Vitesse ausgeléist- dat ass d’Konklusioun vun den Enquêteuren.

Ronn 145 Stonnekilometer goufen deemno mat Hëllef vun den Iwwerwaachungsvideoen gemooss.

Zum Accident bäigedroen hätten och ofgenotzte Pneuen.