EuGH: Illegal Internetsäiten dierfe gespaart ginn

Internetprovider dierfen elo Internetsäite späre loossen op deenen illegal Kopien kennen erofgelueden ginn.

Leschten Update: 27.03.2014, 20:04:44

© AFP

Dat huet en Donneschdeg den europäeschen Geriichtshaff zu Lëtzebuerg decidéiert.

Een däitsche Filmstudio an eng Produktiounsfirma hate geklot, well op der Websäite kino.to illegal Kopien vun hirer Filmer konnten erofgeluede ginn.