Khat: Geféierlech Drog hei am Land éischter selten

Déi lëtzebuerger Douane huet virun e puer Wochen ee somaleschen Staatsbierger mat 140 Kilo Khat erwescht.

Leschten Update: 27.03.2014, 20:07:20

© AFP

Fir d'Douane war et bis elo déi gréisste Quantitéit u Khat déi jeemools op de Lëtzebuerger Stroossen saiséiert gouf.

Khat ass u sech ee Strauch, deen an Ostafrika doheem ass, a bis zu 20 Meter grouss ka ginn. Des Substanz gëtt virun allem an ostafrikanesche Länner consomméiert.
 

Et ass e Strauch wou d‘Blieder gepléckt a da geknat ginn. Meeschtens ginn eng 100 bis 200g Blieder an engem Zäitraum vun 3 bis 4 Stonne geknat bis dann eng Wierkung antrëtt. D'Wierkung kann awer jee nodeem och méi séier antrieden.

Wierkstoffer an dem Strauch sinn ënnert anerem de Chatin an de Cathinon. 2 Wierkstoffer déi wéi ee Stimulant wieren, sou ähnlech wéi wann een Amphetamin oder Koffein zou sech hellt. Et wierkt een da wéi wann een 10 Taass Kaffi gedronk hätt, also ganz opgedréint a wibbeleg.

Nodeems d'Blieder gepléckt goufen, mussen se dann och bannent 3 Deeg consomméiert ginn, well d'Wierkung immens séier verflitt.


Niewewierkungen sinn ënnert anerem Bauch wéi, Entzündungen am Mond oder och Häerzklappen. Bei schwanger Fraen kann et zu enger Feelgebuert kommen.

Zu Lëtzebuerg ass déi Drog éischter selten. Wann d'Douane eng gréisser Quantitéit u Khat saiséiert dann handelt et sech hei meeschtens ëm Transit-Saisi'en also déi dann un déi afrikanesch Communautéit destinéiert ass.

De Konsum vu Khat ass an den europäesche Länner verbueden.