Uni Lëtzebuerg: Porte Ouverte fir Jonker

D'Uni.lu um Lampertsbierg an zu Walfer invitéiert e Samschdeg op hir Porte Ouverte. Hei kenne sech Jonker iwwert d'Uni a seng Studiegäng informéieren.

Leschten Update: 29.03.2014, 16:18:38

© uni.lu

Eng gutt Méiglechkeet fir déi di dëst Joer mam Lycée fäerdeg ginn an nach net wëssen wou a wat se studéiere wëllen.

Hei kritt een ënnert anerem 11 Bachelor- wéi och Masterstudiegäng präsentéiert. Ee ganz neien Studiegang ass zum Beispill de Master in Social Sciences and Educational Sciences deen ab Hierscht fir déi éischt Kéier ugebuede gëtt.

Proffen, Dozenten, Studenten wéi och Studentenassoziatiounen sinn op der Plaz fir déi Jonk ze beroden. 

Fir d’Uni an d’Liewen op der Uni nach besser kennen ze léieren kann een dann och en Tour iwwert de Campus maachen, d’Bibliothéik besichen an an ee Studentenheem era luussen.

Diere sinn vun e Samschdeg de Moien 09h00 bis de Mëtten 15h00 op.