Lëtzebuerg: Polizist an Untersuchungshaft

E Lëtzebuerger Polizist gouf festgeholl a sëtzt elo an Untersuchungshaft, dat wéinst Faiten, déi eng penal Infraktioun kéinten duerstellen.

Leschten Update: 29.03.2014, 18:02:11

D’Generalinspektioun vun der Police ass mat der Enquête befaasst.

De Generaldirekter vun der Police huet de concernéierte Mann vu senge Funktioune suspendéiert.

Wat genee sech de Polizist zu Scholde komme gelooss huet, ass net gewosst.