Paräis: 5 Jugendlecher der Gruppevergewaltegung beschëllegt

Zu Paräis gëtt den Ament géint 5 Jugendlecher enquêtéiert, déi un enger Gruppevergewaltegung solle bedeelegt gewiecht sinn.

Leschten Update: 29.03.2014, 18:01:34

© afp

Ënnert hinne si 4 Mannerjäreger am Alter tëscht 13 a 17 Joer.

Am Januar sollen déi Beschëllegt e 15 Joer aalt Meedchen stonnelaang op engem Parking an engem Keller vergewaltegt hunn.

De 16 Joer alen Haapttäter konnt schnell erëmfonnt ginn. E puer vun de Verdächtege konnten duerch DNA-Spueren iwwerfouert a festgeholl ginn, e weideren Täter huet sech der Police gestallt.