Stad: Koppel muss direkt hir 2 Führerschäiner ofginn

Um fréie Samschdegmoien ass en Automobilist an der Allee Scheffer an der Stad an e geparkten Auto gerannt.

Leschten Update: 29.03.2014, 19:11:10

Fir d’éischt ass den Auto weidergefuer, du koumen déi zwou Persounen am Auto awer zréck, fir sech de Schued unzekucken.

Wéi se du Police-Sirenen héieren hunn, huet d’Bäifuererin sech hannert d’Steier gesat an ass fortgefuer.

D’Police konnt se um Boulevard de la Foire stoppen. Well béid Persounen ze vill gedronk haten, hu se och alle béid hire Führerschäin missten ofginn.