Etat de la Nation: "Loscht op Succès"

Am Xavier Bettel senger 2-Stonne-laanger Ried zur Lag vun der Natioun wor der Regierung hir Ambitioun fir Reformen a Loscht op Succès de roude Fuedem.

Leschten Update: 03.04.2014, 08:58:53

© gouvernement.lu

D'Leitmotiv vun der "Loscht op Succès" gouf direkt am éischte Saz lancéiert:

An der Chamber si vun elo 9 Auer un d’Debatten iwwert dem Xavier Bettel seng Ried zuer Lag vun der Natioun. Iechte Riedner de Moien ass de fréiere Premier an CSV Fractiounschef Jean-Claude Juncker, dee scho gëschter sot, hien hätt Neits a konkreet Detailler, notemment iwwert de Budget 2015, am Premier senger Ried vermësst.

 

De Resumé vun der Ried

D'3er-Koalitiou wéilt zesummen dat Bescht fir Lëtzebuerg erreechen.
Fir dat ze packen kënnt een awer net ëmhier verschidden déifgräifend Reformen un ze goen, an eben och ze spueren.

Virun allem beim Staat selwer. D'Depensen sollen net ze vill wuessen. Wichteg wier et virun allem d'Staatsfinanzen an den Equiliber ze kréien.
Am Budget vun dësem Joer (deen als Iwergangs-Budget vum Premier bezeechent gouf) wieren d'Funktionnements-Käschten ëm 8,5 % gedréckt ginn. Dat sinn gutt 50 Milliounen € déi de Staat pro Joer manner ausgëtt.
De Budget fir 2015 wäert en Neierung an der Methodologie kréien. 19 Aarbechtsgruppen gi geschaf. Ee Grupp pro Ministère plus 4 interministeriell Equipen, déi Propositiounen wäerten ausschaffen fir mat manner Suen méi efficace kënnen ëm-ze-goen.

Et wier kloer dass d'Sozial-Leeschtungen op engem héije Niveau sinn, ouni dass dacks gekuckt giff ginn op déi leit , déi eng Ënnerstëtzung kréien, dës och wierklech brauchen.

D'Hausse vun der TVA kënnt op den 1. Januar 2015. Sämtlech Taux'en ginn ëm 2 % an d' Lut, ausser den Taux super-réduit vun 3%, wou zwee-Drëttel vun de Produiten drënner-falen déi een an engem Supermarché ze kafen kritt, grad wéi Billjee fir den Theater, Kino oder Musée. Och am Wunnengsbau bleift de Fräibetrag fir Renovatiounsaarbechten bei 3%.
Den TVA-Taux vun 3 % bezitt sech an Zukunft just nach op den Hapt-Wunnsëtz. Fir d' Acquisitioun oder d'Aarbecht un engem zweeten Wunnsëtz oder engem Logement wat soll verlount ginn, wäert de niddregen TVA-Taux awer net méi applizéiert ginn.
Iwwert déi Hausse vun der TVA erwaard sech de Staat Recetten an Héicht vun ronn 350 Milliounen €.
Et wëll een och méi konsequent géint d'Fraude am TVA-Beräich virgoen.

Keng Changementer ginn et beim Index. Zesummen mat de Sozialpartner wéilt een bis de Summer en Accord ouni gesetzlechen Agrëff an den Indexmechanismus ausschaffen, deen der Präisentwécklung Rechnung dréit an de Betriber an dem Perosnal Planungssécherheet gëtt. Soll d'Inflatioun, déi den Ament jo ganz niddreg ass, awer nees unzéien, misst op en Neits eppes um Gesetz geännert ginn. Deen Ament giff den Index-Mekanissem nees voll spillen.

Verschidde Secteuren vun der lëtzebuerger Wirtschaft sollen besonnesch gestäerkt ginn. D'Finanzplaz ass en Atout vum Land, an et wäert een och alles maachen, dass de Grand-Duché säin Triple A Rating wäert halen.
D'Beräicher vun der Logistik, vun den Eco-Technologien oder vum ICT sinn weider Secteuren déi ënnerstëtzt wäerte ginn, an wou eist Land fir d' Zukunft drop setzt. Et viséiert een eng regelrecht 'ICT-Revolutioun' un, beim Bierger, bei den Entreprisen a beim Staat selwer.

Déi administrativ Vereinfachung as e weidert Haapt-Uleies vun der Regierung.
D'Konditiounen fir zu Lëtzebuerg e Betrib ze grënnen sollen a mussen vereinfacht ginn.

De neie System vun de Studiebäihëllefen ass jo net nom Goût vu jidderengem, ma fousst elo um Prinzip vun sozialer Selektivitéit, vu Mobilitéit a vun Autonomie.
Et kéint een, sou soot et de Premier, sécherlech behapten dass vill Leit elo manner wéi virdrun kréien. De System bedeit awer och, dass déi Jonk fréi léieren op eegene Féiss ze stoen an eegen Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

E grousse Chantier fir Lëtzebuerg ass den héije Chômage.
Am Juni leeft dofir de Projet vun der Jugendgarantie un. Hei verflicht de Staat sech deenen Jonken ze hëllefen: bannent 4 Méint, nodeems e Jonken sech un d'Autoritéiten adresséiert huet, musse Jonken eng Aarbecht kréien, eng Léierplaz oder eng Méiglechkeet nees an d'Schoul ze goen.
Schaffen goen dierf keng Alternativ sinn. D'Regierung huet dofir och d' Distanzklausel ofgeschaf, déi een bis elo konnt an d' Spill bréngen, fir eng proposéiert Aarbecht ze refuséieren.
D'ADEM krit weider nei Gebailechkeeten. Wéinst de Manktem u Plaz plënneren eng Rëtsch Servicer vum Gebai op der Stader Gare an nei Raimlechkeeten op Hamm. Dëst giff d' Qualitéit vun der Aarbecht an der ADEM verbesseren.

A Punkto Educatioun ass een fest decidéiert ze ereechen dass d'Méisproochegkeet net méi als Nodeel, mä als kloeren Atout vu Lëtzebuerg gesi gëtt. D' Capaçitéit vun enger Sprooch an déi aner ze wiesselen wier e Markenzeechen vun eisem Land, a soll och e Markenzeechen an eisem Schoulsystem sinn.
D'Regierung wëll an de Schoulen net spueren, mä d' Depensen solle manner séier klammen. Et wier een sech eens dass keng Decisiounen geholl ginn, déi sech negativ op d'Qualitéit vun der Schoul an op d'Zukunftschancen vun de Schüler auswierken.

D'Kranken- a Fleegeversécherung gëtt moderniséiert. Dat fir ënnert anerem en double-emploi ze evitéieren.

Eng déifgräifend Analyse vun de Familjebäihëllefen steet am Koalitiounsprogramm. Dës Analyse a Gespréicher mat de Leit aus dem Secteur sinn um Lafen. Et hätt een net méi d' Elteren, ma eben d'Kanner am Bléck wann et ëm Zoulagen an Ënnerstëtzung geet.
Et hätt een och am Sënn eng qualitativ héichwäerteg, efficace an eng finanzéierbar Kannerbetreiung unzebidden. Laangfristeg wëll een op de Wee vun enger gratis Kannerbetreiung goen, esou bal awer déi finanziell Moyen'en vum Staat dat erlaben.
A Punkto Mobilitéit soll Verschiddenes ëmgesat ginn.
D'Eisebunn brauch méi Capacitéiten, déi Së och soll kréien. D'CFL investéieren och weider an hiert Material, an sou sollen weider nei duebel-stäckeg Zich geliwwert ginn, déi vum Wanter un am Kader vum neien Rheinland-Pfalz-Takt op Koblenz fueren.

E groussen Defi vun der blo-rout-grénger Regierung ass och de Logement. Hei wëll de Xavier Bettel näischt verspriechen.
D'Regierung mécht awer all Effort dee néideg ass, fir dass jonk Famillen eng Chance hunn fir en Doheem ze fannen, dat ouni dass Së mussen iwwert d'Grenzen eraus eppes sichen goen, oder sech ze vill ze verschëlden. D'Grond-Idee vum Pacte Logement bleift dann och bestoen. D' Gemengen ginn weider vum Staat ënnerstëtzt fir Wunnraum ze schafen.

Natierlech hält d'Regierung och um Tram fest.
Spéitstens Ufank vum nächste Joer wäert en zweet Finanzéierungs-Gesetz deposéiert ginn, wat et erlaabt den Tram schonn an der éischter Phase direkt bis op den Houwald ze bauen.
Dem Premier no léisst den Tram eis keng Verkéiersproblemer, mä ouni Tram als neit schinnegebonnent Réckgrad am Zentrum wäert een d'Verkéiersproblemer net an der Grëff kréien. Déi ganz Tram-Linn vum Findel bis op d'Cloche d'or soll fir d'Joer 2010/2021 operationell sinn.
Fir de Funktionnement vum Tram ginn dann och direkt e puer nei Park&Ride'n gebaut. Beispillsweis um Héihenhaff um Findel ( +-4000 Plazen), op der Cloche d'or ( +-1500 Plazen) oder bei der Luxexpo um Kierchbierg ( +- 500 Plazen ).
Alleng am Budget vun dësem Joer ginn 14 Milliounen € méi fir d' Verstäerkung vum Busreseau investéiert, virun allem am Interessi vum Beruffsverkéier.

Aktuell ass jo och de Sujet vum ''Bauschutt''. Hei wier laang Zäit just op Limitten geplangt ginn.
D'Regierung wëll derfir suergen, dass déi laangfristeg Reserven fir Buedemdeponien geschaf ginn, an dat op zwee Niveau'en. Éischtens soll manner Buedem 'produzéiert' ginn, duerch eng Upassung vun der Art a Weis fir ze bauen, an zweetens duerch méi en dicht Netz vu Buedemdeponien wouduercher och d'Belaaschtung fir d'Populatioun méiglechst kleng gehal kéint ginn. Alleng am Zentrum an am Süden sollen an dëser Legislaturperiod 4 nei Deponien installéiert ginn.

De lëtzebuerger Geheimdéngscht wäert reforméiert ginn.Dësen Dënschdeg huet de Premier e Gesetzprojet deposéiert mat deem de service de renseignement eng total nei gesetzlech Grondlag soll kréien. Eng Grondlag déi de Recommandatiounen aus dem Rapport vun der Chamber Rechnung dréit.

Lëtzebuerg hält och um Kaf vum Militärfliger A400M, zesummen mat der Belsch fest. Well an Zäiten wou muss gespuert ginn, et awer schwiereg ass ze vermëttelen dass de Fliger ronn 200 Milliounen € (ouni TVA) kascht, wier et kloer, dass déi 17 Milliounen € déi de lëtzebuerger Bäitrag duerstellen zum Aménagement vun der Air-Base zu Melsbroek bei Bréissel, duerch Reaménagementer am globale Budget vun der lëtzebuerger Defense mussen kompenséiert ginn.

D'Chancëgläichheet an d'Gläichstellung tëscht de Geschlechter wier zu Lëtzebuerg Realitéit. Nach wier net alles esou wéi et soll, mä et schafft een konsequent dodrun.
D'Ministesch vun der Chancëgläichheet wäert nach virum Summer eng Gesamt-Strategie ausschaffen, fir op de Niveau ze kommen dass Männer a Fraen déi selwecht Paih fir déi selwecht Aarbecht kréien.

Lauschtert hei den Audio-Reportage aus dem Eldo-Feierowend :