EU: Roaming Käschten sollen Enn 2015 ewech falen

Vum 15. Dezember 2015 aus un's sollen et keng extra Roaming Käschten méi ginn. Dat huet haut d’Europaparlament decidéiert.

Leschten Update: 03.04.2014, 16:07:40

© AFP

Fir dass déi nei Reglementatioun awer a Kraaft kann trieden, mussen all d’EU Staaten zoustëmmen.

Sollt et den 15. Dezember 2015 dozou kommen, da wäert Telefonéieren an d’Surfen am Internet, net méi kaschten, wéi doheem.

Et wäert awer wahrscheinlech nach e puer Méint daueren bis do eng definitiv Entscheedung fält.