USA: Koppel gewënnt bannent 16 Deeg 3 mol an der Lotterie

Eng amerikanesch Koppel huet bannent 16 Deeg gläich 3 mol hannereneen an der Lotterie gewonnen.

Leschten Update: 04.04.2014, 19:37:07

© AFP

Sou vill Gléck misst een hunn: Eng Koppel aus Portsmouth an den USA huet am Mäerz gläich 3 mol hannereneen an der Lotterie gewonnen. De Gesamtmontant beleeft sech op iwwer 2 Milliounen Dollar.

Fir d'éischt hu si eng Millioun Dollar an der "Powerball" Lotterie gewonnen.

2 Woche méi spéit hate si déi richteg Zuelen beim "Pick 4 Spill".

An een Dag drop hu si beim "100 Million Dollar Cash Exrtavaganza" ee Lous vun enger weiderer Millioun gerubbelt.

D'Koppel huet dann och weiderhinn wëlles Lotteriesschäiner ze kafen....