Police: Um Samschdegmoien 2 Führerschäiner agezunn

Um Samschdegmoien huet d'Police zwou Persounen de Führerschäin ofgeholl, eemol wéinst Alkohol um Steier, eemol wéinst engem délit de grande vitesse.

Leschten Update: 05.04.2014, 17:39:25

Um 7:20 Auer huet eng Automobilistin um Square Edouard André an der Stad d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer. Si ass an e Bam, e Verkéiers-Schëld an an eng Dreckskëscht gerannt. D’Fra hat zevill gedronk an huet hire Führerschäin missten ofginn.

Um 9:50 Auer huet dunn e weidere Chauffeur säi Permis verluer. Hie gouf an der Ausfahrt vun der A3 an de Rond-Point Glück mat 118 km/h geblëtzt, erlaabt waren der 70.