Chemikaliëbelaaschtung: Zalando rifft Schong zréck

Den däitschen Onlinehandel Zalando rifft eng Reih Schongmodeller wéinst enger Chemikaliëbelaaschtung zréck. Dëse Stoff ka liewenslaang Allergien ausléisen.

Leschten Update: 05.04.2014, 18:22:25

© afp

Déi zoulässeg Héchstwäerter wieren ëm dat 13-facht iwwerschratt ginn, heescht et an der „Wirtschaftswoche“.

Betraff wieren eenzel Modeller vun den Hausmarke vun Zalando, notamment "Zign", "Pier One", "Taupage" an "Zalando Collection".

Ronn 1500 Puer belaaschte Schong wiere bis ewell verkaf ginn.