Jonk Demokraten: Schülerstreik bréngt näischt

Déi Jonk Demokraten (JDL) si géint de Streik, deen d'UNEL fir de 25 Abrëll ugekënnegt huet, fir géint d'Reform vun de Studiebäihëllefen ze protestéieren.

Leschten Update: 14.04.2014, 13:49:22

© screenshot/JDL

"Studienhëllefen: Dialog am Plaz vu Streik", ass ee Kommuniqué vun der JDL iwwerschriwwen. D'Staatsfinanze géife weider explodéieren, och am Beräich vun de Studiebäihëllefen, esou déi Jonk Demokraten, déi sech géint ee Streik ausschwätzen. Si fuerderen awer, dass dat neit Gesetz ee staatleche Fong virgesäit, fir déi Studenten ze ënnerstëtzen, déi net vun hiren Eltere kënne finanziell gehollef kréien.
Links