Cocktails: De Phillipe About mixt dee Beschten

Um Méindeg war de nationale Championnat am Cocktail-Mixen, an de Phillipe About flitt a Südafrika op d'Weltmeeschterschaften...

Leschten Update: 15.04.2014, 06:34:06

© wikipedia

Am Grand Hotel Cravat an der Stad waren um Méindegowend déi national Meeschterschaften am Cocktail-Mixen.

Gewonn huet um Enn den Phillipe About, Barmann vun der Bananas Bar op der Plëss, mat enger Creatioun aus Gin, Rousmarin-Sirop an Cornichong, déi hien 'Extract of Freedom' gedeeft huet. Hien vertrëtt Lëtzebuerg elo Enn September op der WM a Südafrika.

An der Kategorie vun de Cocktailer ouni Alkohol huet de Marius Bogdan Birzan gewonn, Barkeeper am MiaZia zu Bieles.

De Christian Capsa huet an der Kategorie vum 'Flairtrending' gewonn, wou mat Fläschen jongléiert gëtt fir e Cocktail op eng besonnesch arrtistesch Manéier ze mixen.