Pressebriefing: Grouss a kleng Sujet'en um ordre du jour

De Premier huet um Pressebriefing ënnert anerem den Oflaf vun Nationalfeierdag presentéiert. Och de neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg war een Thema.

Leschten Update: 16.04.2014, 23:51:00

© Eldoradio

De Premier Xavier Bettel huet nom Regierungsrot op de Pressebriefing invitéiert, bei deem et ënnert anerem ëm den Oflaf vun de Festivitéiten fir Nationalfeierdag gaangen ass.

Et gouf confirméiert, dass den offiziellen Staatsakt moies a Form vun enger ziviler Zeremonie an de Raimlechkeeten vum groussen Theater an der Stad wäert sinn. Dat hat de Premier jo scho moies géintiwwer RTL ugekennëgt. Den zivilen Staatsakt wäert um 10 oder 10h30 sinn, et wier een sech hei nach net ganz eenz, sou de Bettel. Et wär normal, dass een am Joer 2014 een zivilen Akt hätt dee weder militäresch nach reliéis wier. D'Ännerungen wieren och mam Bistum ofgeschwat. 

Hei wäerten de Premier, de Grand-Duc an de Chamber-President Rieden halen. Nei ass dat dës Kéier Leit déi ee besonneschen Mérite verdéngt hunn, ge-eiert ginn. 

Jiddereen ass bei der Zeremonie wëllkomm, och de public. Hei gëllt de Prinzip "first come, first serve". Moies kann een hei iwwert eng Telefonsnummer oder een Internetsite eng Plaz ufroen. Eng Plaz reservéieren kann ee net. Wéider Detailer goufen net genannt. 

No der Zeremonie ass da wéi gewinnt d'Militärparade an der avenue de la Liberté. An am Nomëtten invitéiert de Bistum, a net wéi gewinnt d’Regierung an de Staat, an den Te Deum. 

Um Briefing huet de Staatssekretär Camille Gira annoncéiert dat et eng weider Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg a Rheinland Pfalz gëtt. Déi sougenannte "Trierer Weststrecke" soll fir 2018 reaktivéiert ginn, sou géif ënnert anerem d'Zuch-Verbindungen tëscht Tréier a Lëtzebuerg verbessert ginn. Fir däitsch Pendler déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, wier dat immens praktesch, sou de Staatsekretär. 

Ausléiser fir dësen Duerchbroch wier d'Decisioun vu Lëtzebuerg ënnert der rouder Bréck eng Gare ze bauen. Dat hätt bei den Däitsche groussen Interessi gewisen, sou de Camille Gira.

Et misst een d’Garen vun den eenzelnen Statiounen nach an d’Réih bréngen an och Park and Ride Parkingen géifen op den eenzelen Arret’en gebaut ginn, an der Hoffnung dat net nëmme Leit aus Tréier selwer, mee och aus anere Regiounen mam Auto op den Zuch fueren an do dann bis op den Arret Pont Rouge kennen duerchfueren an op de Kirchbierg schaffe goen.
Déi däitsch Autoritéiten investéieren an d'Stréck ganzer 20 Milliounen Euro. Och Lëtzebuerg bedeelegt sech un de Fonctionnementskäschten, dat wieren 7 Milliounen Euro pro Joer ab 2018. Et misst een dann och kucken d’Busdéngschter déi iwwert d’Grenz ewech sinn, ze reorganiséieren fir do Suen anzespueren.

Da gouf nach matgedeelt, dass den Rainer Klump neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg gëtt. Hie gëtt vum 1. Januar 2015 un de Successeur vum Rolf Tarrach an dat fir ganzer 5 Joer.

An de Christophe Zeeb gëtt de Successeur vum Sarah Khabirpour am Verwaltungsrot vun der BIL. Hie fänkt den 1. Mee 2014 als Conseiller un.