Cannes Film Festival: Lëtzebuerger Co-Produktioun derbäi

18 Filmer sinn an der Course fir d'Palme d'Or, an der Kategorie "Un Certain Regard" ass déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "Amour Fou" derbäi

Leschten Update: 18.04.2014, 05:43:45

An der Kategorie "Un Certain Regard", wou och déi Lëtzebuerger Co-Produktioun gewise gëtt, si méi aussergewéinlech Filmer, déi net esou bekannt sinn. Amour Fou ass eng Co-Produktioun tëscht Lëtzebuerg, Däitschland an Éisträich. Um Film hu vill Lëtzebuerg Techniker geschafft. E groussen Deel vun den Decoren goufen am Studio Filmland zu Kielen gebaut. Déi Lëtzebuerger Schauspillerin Marie-Paule von Roesgen huet eng Roll an dësem Film.

Amour Fou


An der Haapt-Course fir d’Palme d’Or sinn dëst Joer 18 Filmer. Ënnert de Regisseuren, déi sech Hoffnung kënne maachen, sinn de Ken Loach, Mike Leigh, d‘Gebridder Dardenne an de Jean-Luc Godard.

De Cannes Film Festival ass vum 14 bis de 25 Mee.

Links