Mouken-Massaker: Schëlleg riskéiere Prisongsstrof

Police sicht weider no Zeien an Informatioun nodeems 70 Mouken bei Ueschdref massakréiert goufen. "Esou eppes gouf et nach ni", sot eis d'Naturverwaltung.

Leschten Update: 19.04.2014, 08:40:00

© Naturverwaltung / Serge Hermes

Bei Ueschdref hunn Onbekannter 70 brong Mouken aus engem Weier gefëscht an hinnen du lieweg d’Been ausgerappt a se da stierwe gelooss. D'Been vun de Mouken hunn d'Täter matgeholl. Dofir geet een dovunner aus, dat se am Kachdëppe gelant sinn...

De Laurent Schley, Directeur Adjoint vun der Naturverwaltung mengt och, dat et sech bei den Täter éischter ëm privat Persounen handelt an dass d'Been vun den Déieren éischter net un ee Restaurant verkaf gi sinn. Dofir wieren et net genuch Mouke gewiescht. An och wéinst der Qualitéit, well Mouken sinn eigentlech net fir z'iesse geduecht. Hei wier wuel een um Wierk gewiescht dee keng Ahnung dovunner hätt, sou de Laurent Schley weider.

All Amphibien-Aart, och déi brongen Mouken, stinn zu Lëtzebuerg ënnert Naturschutz. An de leschten Jorzéngten gouf et ee staarke Réckgang, virun allem well vill Fiichtgebider an Dempelen zerstéiert goufen.  

Sou Gewaltakten sinn och strofbar. Hei si Prisongsstrofen tëscht 8 Deeg a 6 Méint oder eng Geldstrof tëscht 250 Euro a 750.000 Euro méiglech. Dat hänkt ëmmer vum Fall of a wéi d'Geriicht am Endeffekt entscheed.

Lauschtert hei de ganzen Reportage:

Wien eppes weess soll sech beim Fierschter um 621 202 124 mellen.