Wieder: Wäiss Stroossen duerch Knëppelsteng

Richtegt Abrëllswieder huet e Méindeg de Mëtten fir iwwerschwemmte Kelleren a wäiss Stroossen am däitsche Grenzgebitt gesuergt.

Leschten Update: 22.04.2014, 17:04:37

© Police Saarburg

Betraff ware virun allem Wawern, Oberemmel an Temmels déi aner Säit vu Mäertert. Eenzel Stroosse goufen iwwerschwemmt, op anere Plazen huet et duerch d’Knëppelstäng ausgesi, wéi wann et geschneit hätt. D’Pompjeeën hunn och missten eng gutt Parti Kelleren auspompele goen.

Hei am Land war et zwar net grad sou schro, ma d’Pompjeeë waren trotzdem am Asaz. Tëscht Gréiwemaacher an dem Schorenshaff hunn Äscht d’Strooss blockéiert, zu Mäertert war e Kamäin net dicht an och zu Colmar-Bierg waren d’Pompjeeë wéinst Iwwerschwemmungen am Asaz.

© Police Saarburg

© Police Saarburg

© Police Saarburg

© Police Saarburg