Schülerstreik: Ween denkt wat?!

Dëse Freideg ass jo de grousse Schülerstreik géint d'Reform vun de Studiebäihëllefen. Ween denkt bei deem ganzen iwwerhaapt wat?!

Leschten Update: 25.04.2014, 07:10:22

© unel

- Zum Streik opgeruff huet jo d'UNEL. Mat der geplangtener Reform wéi den Educatiounsminister Claude Meisch Së an der Chamber deposéiert huet, ass een net averstan.
Eng Online-Petitioun war den Ufank. De Protest geet awer och op d'Strooss. Mat ronn 10.000 Schüler a Studenten gëtt gerechent.

- Déi national Schülerkonferenz CNEL ënnerstëtzt de Streik och.

- D'JSL ass och kloer géint déi geplangte Reform, genee wéi och déi jonk Lénk oder d' Piratepartei.

- Aner Jugendparteien wéi d' JDL oder déi jonk Gréng streiken net mat. Sie fannen dass um Dialog-Niveau sollt diskutéiert ginn.

- D'CSJ als Organisatioun schwätzt sech géint dee geplangte Streik vum 25. Abrëll aus, well een engersäits net mat de Fuerderunge vun der UNEL averstane ass an anerersäits den Dialog am Moment déi méi ugepassten a konstruktiv Form vu Kritik wier.

- Och d'Studentevereenegung ACEL streikt net mat. Sie sinn an Diskussiounen mam Ministère.

- LCGB an OGBL hunn sech mat de Schüler a Studenten solidariséiert. D'Reform wier iwwert de Knéi gebrach ginn.

- Och d'CGFP schwätzt vun enger Reform déi net kohärent wier. Së wier ''am Hauruckverfahren duerchgeboxt ginn''.

- D'Salariatskummer CSL ass hirersäits och net averstan mat der Reform wéi Së virgesinn ass. Trotz allem wier d'Autonomie vum Student net garantéiert. An d'Klauselen bei der Mobilitéitsbourse giffen nei Diskriminatiounen schafen.

- Den Staatssekretär am Educatiounsministère Marc Hansen sot eis am Eldoradio-Interview dass hien d' Schüler déi zu engem Streik opgeruff hunn duerchaus kéint verstoen. Et wier awer kloer dass den fréiere System fir de Staat net ze droen wier. Dofir misst reforméiert ginn. De Marc Hansen huet awer ënnerstrach dass een gespréichs-bereet bleift.

- Den Edukatiounsminister Claude Meisch seet sech och weider oppen fir all Dialog.
All Säit misst awer Waasser a säin Wäin schëdden, fir dass een herno op e gréngen Zweig kënnt. Fuerderungen, déi keng Reform giffen zouloossen, kéinten net berücksichtegt ginn.
De Claude Meisch ennersträicht dass et net drëms giff goen blann ze spueren.

Wat denken eigentlech d'Lyçée-Schüler selwer?! Mir waren Mam Mikro um Campus Geesseknäppchen ënnerwee. D'Resultatrer sinn deels ganz erstaunlech...

Lauschtert selwer :