Zeienopruff: Frae gi sech als Botzfraen aus a beklaue Mann

D'Police mecht een Zeienopruff nodeems e Mëttwoch den Owend géint 19h30 zwou Fraen ee Mann beklaut hunn.

Leschten Update: 24.04.2014, 14:40:31

© Eldoradio

Gesicht ginn 2 Fraen déi e Mëttwoch den Owend géint hallwer 8 zu Déifferdeng an der rue Emil Mark  ee Mann ugeschwat hunn op hie keng Botzfra bréicht. De Mann huet déi zwou Fraen du mat heem geholl.

Kuerz drop sinn d’Fraen aus der Wunneng gelaf an hu sech mam I-phone vum Mann a 1500 Euro duerch d’Bascht gemaach.

Béid Fraen waren tëscht 20 an 30 Joer jonk an hunn däitsch geschwat.  

Wien eppes gesinn huet soll sech um 113 mellen.