Wéi um Haff?!: Segolène Royale stellt Regelen op

D' Madame Royale schéngt sech an hirem Ministère vir-ze-kommen wéi op engem kinneklechen Haff, an huet streng Regelen opgestallt...

Leschten Update: 24.04.2014, 17:55:41

© afp

Mam Ségolène Royale huet Frankräich jo zanter Kuerzem eng nei Ëmweltministesch, an huet an hirem Ministère och direkt e puer nei Regelen imposéiert, iwwert déi bei eisen Noperen elo diskutéiert an deels och gelaacht gëtt.

Mataarbechterinnen däerfen nämlech an Zukunft keen Decolleté méi weisen wann Së schaffen kommen, am Haff an am Gaart vum MInistère däerf an hirer Géigewaart net méi gefëmmt ginn, an wann Sie am Ministère ësst, däerf och kee ronderëm Kaméidi maachen, well d‘Madame Royale beim Iessen net wëll gestéiert ginn.

An wéi wann dat nach net genuch wär, sou muss och all Beamten opstoen, wann d'Ministesch an e Büro erakënnt. 

Kléngt alles wéi e schlechte Witz, wier et awer net, behaapt op mannst e franséische Journalist. Via Twitter huet d'Ségolène Royale awer matgedeelt dass déi Rumeuren net giffe stëmmen.