Südkorea: D'Zuel vun den Doudeger nach eemol geklomm

Nom Fährongléck virun der südkoreanescher Küst virun enger Woch, ass d'Zuel vun den Doudeger elo op 181 geklommen. 121Persounen ginn nach ëmmer vermësst.

Leschten Update: 25.04.2014, 13:38:09

© AFP

D'Sich no weideren Affer wäert awer elo méi schwéier ginn, well d'Wieder de Weekend méi schlecht wäert ginn.

D'Fär war virun enger Woch mat am Ganzen 476 Leit u Bord virun der südkoreanescher Küst ënnergaangen.