Diddeleng: Mann iwwerfall a mat Messer menacéiert

An der Rue Alexandre Flemming gouf an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg e Mann iwwerfall a mat engem Messer menacéiert.

Leschten Update: 26.04.2014, 17:18:05

D'Affer hat scho méi fréi gemierkt, dass e Mann him géif nogoen, kuerz duerno gouf hie vun hannen ugegraff an et gouf him e Messer un den Hals geluecht.

Den Täter huet den Handy an de Porte-Monnaie geklaut an ass du fortgelaf.

D’Affer huet d’Police alarméiert, ma d’Sich nom Täter hat kee Succès.