Police: Eng ganz Rëtsch Iwwerfäll um Weekend

All Hänn voll ze dinn hat d’Police um Weekend. Gläich e puer Mol goufe Leit uechter d’Land iwwerfall.

Leschten Update: 27.04.2014, 17:52:48

Ënnert anerem goufen zwee Meedercher, déi an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg aus enger Disko koumen, zu Hollerech vun zwee Jonge bedrängt. Wéi si net op se agaange sinn, goufen d’Jongen aggressiv an hunn engem vun de Meedercher d’Posch mam Autosschlëssel geklaut. Béid Männer si geflücht, konnten awer méi spéit vun enger Police-Patrull gepëtzt ginn.

Um Samschdegmëtteg war e Mann an der Rue Jean Bertels an der Stad grad amgaangen, seng Akafstuten an den Auto ze paken, wéi hie brutal vun 2 Männer vun hannen ugegraff gouf. Him gouf Pefferspray an d'A gesprayt an hie gouf festgehalen. D'Täter hunn dem Affer seng gëlle Kette geklaut a sinn du geflücht.

Um fréie Samschdegowend gouf e Mann op der Kinnekswiss an der Stad ugegraff a krut den Handy geklaut. Déi 5 jonk Täter si geflücht, 2 vun hinne konnten awer kuerz drop gestallt ginn. Ee vun deenen 2 hat dann och de geklaute Smartphone bei sech.

Op der Péitenger Gare gouf géint 20:45 Auer um Samschdeg e Mann vun 3 jonke Männer ugeschwat, fir hinne Suen ze wiesselen. De Mann huet dofir 150 Euro ass der Täsch geholl, déi hunn d'Täter sech du gegraff a sinn an den Zuch geflücht. D'Affer ass hinnen nogelaf a konnt se och erëmfannen. Am Zuch koum et dunn zu enger Kläpperei, duerno sinn d'Täter fortgelaf.