112: 4 Accidenter um Sonndegmëtteg

Den 112 mellt 4 Accidenter vum Sonndegmëtteg.

Leschten Update: 27.04.2014, 18:47:28

© Police Grand-Ducale

Um 12:40 Auer ass op der Haaptstrooss zu Hengescht en Auto accidentéiert, eng Persoun gouf verwonnt.

Um 14:18 Auer ass en Auto tëscht Housen a Marnech ageknuppt, hei goufen zwou Persoune blesséiert.

© Police Grand-Ducale

Géint 17:40 Auer sinn dunn zwee Autoen tëscht dem Mëllerdall a Waldbëlleg aneneegeknuppt, hei gouf et ee Blesséierten.

An um 17:45 Auer ass zu Aangelduerf dann och e Motocyclist gefall, och hie gouf verwonnt.