EXCLUSIV: Atelier kritt neie Concertssall um Kierchbierg

Um Kierchbierg gëtt et geschwënn e neien Concertssall - bedriwwen vum Atelier...

Leschten Update: 30.04.2014, 14:09:23

© Atelier / Luxexpo

Eldoradio-Informatioune no entsteet an der Stad Lëtzebuerg eng nei Concertshal.

Dofir gëtt d'Hal 6 vun der LuxExpo um Kierchbierg ausrangéiert a komplett nei amenagéiert.

Et ass dëst de neie Projet vum lëtzebuerger Concertsorganisateur Atelier dee muer op enger Pressekonferenz Detailer bekannt gëtt.

Eisen Informatioune no entstinn zwee Säll, dee Gréisste mat enger Capacitéit fir 3.500 Leit.

Weider Detailer ginn et wéi gesot, en Dënschdeg op enger Pressekonferenz um 12h55 op der Plaz bei der Hal 6 op der Luxexpo.
Op där Pressekonferenz sinn, nieft de Responsabele vum Atelier, och d'Staatsseketärin Francine Closener an déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Lauschtert hei och d'Reportage vum David Wagner: