Neie Concertssall "H6": 1. Concert an engem Joer!

De neie Concertssall um Kierchbierg vum Atelier an der Luxexpo heescht H6. Et ass Plaz fir 3500 Leit (Haaptsall) an 100 Leit (klénge Sall mat Bar).

Leschten Update: 30.04.2014, 13:56:56

© Atelier // Luxexpo

Op der Pressekonferenz um Kierchbierg gouf et Detailer iwwert dee neie Concertssall, deen den Atelier, zesumme mat der Luxexpo, an der Hal Nummer 6 vun der Luxexpo um Kierchbierg realiséiert. An engem Joer soll den H6 opgoen.

D'Architektur vum "alen" Atelier an der Hollerecher Stross gëtt am H6 widderholl, mat enger Mezzanine op engem 2. Stack. De Prinzip ass eng "Box in a Box" - et gëtt e Sall an d'Hall 6 gebaut.

D'Capacitéit erlaabt dem Atelier et, Concerten ze organiséieren, déi virdrun, an der Hollerecher Strooss, net méiglech woren, well do net genuch Plaz wor. Den H6 gëtt awer kéng zweet Rockhal, esou de Laurent Loschetter:



Den Atelier kollaboréiert awer weider mat der Rockhal op Esch Belval fir ganz grouss Concertsen. An deen alen Atelier an der Hollerecher Strooss bleift bestoen.

D'Plaz um Kierchbierg ass ideal: Et wiere méi ewéi genuch Parkplazen disponibel. D'Hal 6 vun der Luxexpo wier och ideal un de Stroossereseau an un den ëffentlechen Transport ugebonnen.

D'Staassekretärin Francine Closener huet betount, dass spéider och den Tram net wäit vum H6 hällt.

De Financement vun der H6 deele sech d'Luxexpo an den Atelier. Et si kéng ëffentlech Sue mat am Spill.

Lauschtert hei och d'Reportage vum David Wagner:


Hei de Logo vum H6:


Esou wäert et spéider ausgesinn:



Links