Fret: Cargolux schreift nees schwaarz Zuelen

D’Cargolux huet 2013 nees Gewënn gemaach. Den Netto-Benefice loung zejoert bei 8,4 Milliounen Dollar.

Leschten Update: 30.04.2014, 18:46:52

Déi Zuelen huet de Lëtzebuerger Fret-Betrib haut matgedeelt. Dat Joer virdru war et nach e Verloscht vun iwwer 35 Milliounen. Den Ëmsaz ass ëm iwwer 14% op bal zwou Milliarden Dollar geklomm. Beim Tonnage war et e Plus vu bal 17% op knapp 754.000 Tonnen.