Kläranlagen: Just nach 2 Stéck "net an der Rei"

Bis 2018 sollen all Lëtzebuerger Kläranlagen den EU-Kriterien entspriechen.

Leschten Update: 30.04.2014, 19:03:35

© RTL

Dat soten d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de Staatssekretär Camille Gira haut op enger Pressekonferenz nodeems de Rechnungshaff an der Chamber virgëschter e Rapport iwwert d’Kläranlage presentéiert huet. 2006 ware jo ganzer 12 Anlagen net an der Rei; dowéinst war Lëtzebuerg jo vun der EU-Kommissioun veruerteelt ginn. Elo sinn et der just nach zwou, nämlech Bouneweg a Bleesbréck. Bouneweg soll 2016 an der Rei sinn, Bleesbréck 2018.