WM: Italien no Skandalmatch raus, Uruguay & Costa Rica virun

Costa Rica an Uruguay stinn aus der Grupp D an den Aachtelsfinallen. Italien an England mussen heem...

Leschten Update: 25.06.2014, 08:14:32

© afp

Decisioun um Dënschdeg am Grupp D op der Fussball WM.

Italien verléiert mat 0-1 géint Uruguay an engem Match iwwert deen nach vill wäert diskutéiert ginn.

Den Diego Godin hat fir Uruguay no 81 Minutten mam Kapp getraff.
No engem Stonn krut de Claudio Marchisio op italienescher Säit eng glat rout Kaart. Firwat, dat weess wuel keen, ausser de mexikaneschen Arbitter.

Den uruguaianeschen Stiermer Luis Suarez huet dernioeft den Chiellini vun den Italiener an d'Schëller gebass. Dat hat awer kee vun den Arbitter gesinn.

An der zweeter Paertie ass tescht Costa Rica an England kee Gol gefall.
Costa Rica gëtt domadder , e bëssen iwwerraschend, éischten vun dëser schwéierer Grupp.